back link

independent little luxembourg

project image
  • 20h30 Théâtre Ouvert Lux. > 09.10.2015
  • 20h30 Théâtre Ouvert Lux. > 08.10.2015
  • 20h30 Théâtre Ouvert Lux. > 02.10.2015
  • 20h30 Théâtre Ouvert Lux. > 01.10.2015
  • 20h30 Théâtre Ouvert Lux. > 25.09.2015
  • 20h30 Théâtre Ouvert Lux. > 24.09.2015

UPCOMING: independent little luxembourg

„Opgepasst! Embargo géint Lëtzebuerg! Geet eis national Produktioun duer fir d‘Land iwwer Waasser ze halen?“
Dës utopesch Iddi ass den Ausgangspunkt vun enger Reflexioun iwwert d‘lëtzebuerger Produiten an Déngschtleeschtungen, hir Vermaarktung an eis Mentalitéit dozou. Eis Recherche bréngt eng Rëtsch Froe mat sech mat deene mir e kritesche Bléck op eist Konsumverhale werfen, op d‘ „lëtzebuerger Mark“, wéi d‘Initiative vum Nation Branding proposéiert, dem Handel tëscht Lëtzebuerg an dem Ausland, an och déi vill Diskussioune ronderëm den ëmstriddenen TTIP.

Independent Little Luxembourg gëtt am Kader vum 20. Gebuertsdag vum Theaterkollektiv Independent Little Lies opgefouert, nieft Visions (November 2015, Mee 2016) a Grexit (Januar, Februar 2016).

Kollektivkreatioun

Artistesch Equipe : Linda Bonvini, Frédérique Colling, Yannick Géraud, Jacques Schiltz

Reservatioun: www.tol.lu info@tol.lu +352 49 31 66

Produktioun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Théâtre Ouvert Luxembourg. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, vum Fonds Culturel National, vun der Fondation Indépendance a vun der Stad Esch/Uelzecht.

go top