back link

d’glühschwéngchen

project image
  • 10h00 Trifolion Echternach > 21.10.2019
  • 15h00 Trifolion Echternach > 20.10.2019
  • 10h00 Kinneksbond Mamer > 27.11.2018
  • Kinneksbond Mamer > 25.11.2018
  • 15h00 Aalt Stadhaus Déifferdeng > 12.04.2018
  • Theater Esch > 11.12.2017
  • CAPE > 05.12.2017
  • CAPE > 04.12.2017
  • Kulturhaus Niederanven > 20.11.2017
  • Kulturhaus Niederanven > 19.11.2017
  • Kulturhaus Niederanven > 17.11.2017

linda bonvini

D’Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!

D’Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016).

D’Regisseurin Linda Bonvini an d’Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d’Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d’Kläng vu verschiddene Saxophonen.

D’Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer. Op Ufro gëtt et e pedagogeschen Dossier zum Stéck esou wéi eng Vir- an/oder Nobereedung fir Schoulklasse vun engem/r Theaterpedagog/in.

Text Nora Wagener a Luc Caregari

Adaptatioun Linda Bonvini a Rosalie Maes

Zeechnungen Carlo Schmitz

Regie Linda Bonvini

Kënschtleresch Mataarbecht Jacques Schiltz

Bühn a Kostüm Lucie Majerus

Musek Jessica Quintus

Luucht Dominik Dusek

Produktiounsleedung Jill Christophe

Mam Rosalie Maes

Eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vum Fonds Culturel National.

ill saison 2017-18 100,7

go top