- Artiston > 14.11.2025 > 19:00
- Kinoler > 15.04.2026 > 20:00
- Kulturhuef > 17.04.2026 > 19:00
- Scala > 20.04.2026 > 20:00
- Orion > 23.04.2026 > 20:00
- Utopia > 28.04.2026 > 18:15
- FerroForum > 05.06.2026 > 20:30
en documentaire vum anne schiltz
Am Joer 1995 ass Lëtzebuerg fir d’éischt europäesch Kulturhaaptstad. Dëst ass e wichtege Moment fir d’Kulturpolitik vum Land. Nei Plazen an Institutioune gi geschaf. Gläichzäiteg brodelt et ënner de jonke Kulturschafenden, déi Méiglechkeete sichen, fir hir Aarbecht professionell auszeféieren.
De multidisziplinären Theaterkollektiv Independent Little Lies (ILL), deen an deem Joer gegrënnt gëtt, huet sech zanerhir zu engem wichtege Pilier an der lëtzebuergescher Theaterzeen etabléiert. Bekannt a geschätzt fir seng innovativ an divers Produktiounen, zielt ILL haut zu de bedeitendste Kollektiver am Land.
Den Dokumentarfilm Theater. Kollektiv. erzielt d’Geschicht vun dësem aussergewéinleche Grupp mat Alldagszeenen, Archiven an Auszich aus Bünestécker. Zu Wuert komme souwuel aktuell a fréier Memberen, wéi och Expert*innen aus der lëtzebuergescher Kulturzeen.
Bild Philippe Lussagnet, Toun Carlo Thoss, Musek Emre Sevindik, Sounddesign Angelo Dos Santos, Tounmix Ken Nnganyadi, Etalonnage Carlo Thiel, Produktiounsleedung Jill Christophe
Mam
Frédérique Colling, Jacques Schiltz, Jill Christophe, Sandy Artuso, Carole Lorang, Claire Thill, Marc Baum, lan De Toffoli, Dirk Gindt, Josée Hansen, Florence Weber, Sandra Forgiarini, Elsa Rauchs, Claire Wagener, Théid Johanns, Anne Simon
Produzéiert vun Independent Little Lies
mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong, vun der Stad Esch-Uelzecht a vum Ministère de la Culture