- CARRE Hollerich > 07.07.2021
- CARRE Hollerich > 06.07.2021
- CARRE Hollerich > 04.07.2021
- CARRE Hollerich > 03.07.2021
- CARRE Hollerich > 02.07.2021
- CARRE Hollerich > 01.07.2021
- Mierscher Kulturhaus > 09.05.2021
frédérique colling, catherine elsen, claire wagener
D’Zizou an d’Zazou, zwou Dammen déi sech e Liewe laang méi oder manner harmonesch zur Säit stoungen, kucken eng leschte Kéier op hire gemeinsame Wee zréck, virun deems den noen Doud si endgülteg vuneneen erléise soll. Gefaangen an engem zouene Raum, mussen si sech mat den Decisiounen ausernee setzen, déi hiert Liewe bestëmmt hunn. Am Häerz vun enger scheinbar klassescher Frëndschaft entwéckelt sech eng surreal Rees duerch d’Landschafte vun Dreem an Erënnerungen, Wënsch an Enttäuschungen, eng Rees, déi de Courage vun den zwee Personnagen op d’Prouf stellt. Kënnt zum Schluss nach eng befreiend Erkenntnes, oder ass et einfach op eemol eriwwer, matzen am ugefaangene Saz?
ZIZOU A ZAZOU
ON TOUR
This project is easy to adapt to different venues and is open for touring dates. Please contact us if you are interested in programming this production : diffusion@ill.lu
Première : 1. Juli 2021 am Carré Hollerich
Sprooch : Lëtzebuergesch
Dauer : 55’
Konzept an Text : Frédérique Colling, Catherine Elsen,
Claire Wagener
Spill : Frédérique Colling, Catherine Elsen
Regie : Claire Wagener
Produktioun : Independent Little Lies
Technik : Sven Streitz
Fotoen : Sven Becker
Spillerinnen op der Bühn : 2
Unzuel vu Leit während der Tournée : 3-4
