biergerbühn 2021

der besuch der alten dame

Biergerbühn: Der Besuch der alten Dame  
D'Claire Zachanassian, déi al Damm, kennt no méi wéi 40 Joer an hiert Heemechtsduerf Güllen zréck. D'Duerf huet grouss Hoffnunge wat de Besuch vun hirer 'verluerener Duechter' ugeet. Mëttlerweil ass d'Uertschaft veraarmt an erofkomm, matzen an enger kapitalistescher Ëmgéigend. D'Bewunner*inne sinn um Enn a liewen an aarmséilegen Existenzen. Eng generéis Spend vun der aler Damm kéint Güllen aus dem Ruin retten. D'Bewunner*inne wëssen awer net, dass d'Claire Zachanassian komm ass, fir Gerechtegkeet zu fuerderen.  
 
------------------------------  
 
Opruff fir d'Bedeelegung um kreativen Atelier:  
 
Am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 sicht ILL Bierger*inne fir d'Kreatioun vun de Kostümer vum Theaterstéck Der Besuch der alten Dame vum Friedrich Dürrenmatt, matzegestalten.  
Beandrockend an ausgefale Kostümer si charakteristesch bei dëser Produktioun! Dofir hunn d'Bierger*innen d'Méiglechkeet sech un der Kreatioun vun de Kostümer fir d'Schauspiller*inne ze bedeelegen. D’Ateliere lafen ënnert der Leedung vun der Kostümsdesignerin Michèle Tonteling.  
 
Datumer:  
Samschdes, 29.05., 5.06., 12.06., 3.07., 10.07., 17.07., 24.07., 31.07., 4.09.2021  
10h00-17h00 (1 Stonn Paus)  
Partizipatioun: 50€  
Maximal 6 Bierger*innen  
Keng Virkenntnesser néideg  
 
Aschreiwung: ‚Äč / www.biergerbuehn.lu  
 
 
Un projet du collectif de théâtre Independent Little Lies réalisé avec le soutien de la Ville d'Esch-sur-Alzette, d'Esch2022 : Capitale européenne de la culture et du Ministère de la Culture, de la Fondation Indépendance, en coproduction avec le Escher Theater et en partenariat avec le Centre culturel Kulturfabrik d'Esch-sur-Alzette.  
 

«   July '21   »

Sun Mon Tue Wed Thu Fri Sat
27 28 29 30 1 2 3
4 5 6 7 8 9 10
11 12 13 14 15 16 17
18 19 20 21 22 23 24
25 26 27 28 29 30 31

Dates & Venue

11.10.21, 10h00 Escher Theater
10.10.21, 17h00 Escher Theater
08.10.21, 20h00 Escher Theater
14.04.21 Esch-sur-Alzette

Downloads