- Ariston > 14.11.2025 > 20:00
ill feiert seng 30 joer
🎉🎉🎉
Wéi dir vläicht wësst, ass ILL am Kulturjoer 1995 gegrënnt ginn. Dat bedeit, dass mir an dësem Joer 2025 eisen 30. Gebuertsdag feieren. Fir dëse spezielle Moment am Liewe vun eisem Kollektiv mat eis ze deelen, invitéiere mir Iech de 14. November 2025 um 20.00 ganz häerzlech an den Ariston. Am Zentrum vum Owend steet d’Sortie vum Anne Schiltz sengem Documentaire Theater. Kollektiv. deen op d’Geschicht vun ILL am Kontext vun der lëtzebuerger Theaterwelt zréckkuckt. Donieft weise mir och der Costumière Michèle Tonteling hire Stop-Motion Kuerzfilm Um Boulevard. Am Uschloss geet et am neie Bar vum Escher Theater La Souffleuse mat eiser Feier weider.
Aus organisatoresche Grënn, biede mir Iech, Iech iwwert dës E-Mail Adresse unzemellen : contact@ill.lu
🎉🎉🎉