zooper heroes

jacques schiltz, claire thill

Is it a bird, is it a plane? No, it’s Zooper Bee who is spreading love around the garden!  
 
Maacht der Iech Suergen ëm d'Zukunft vun eiser Natur? Bedrécken Iech Wierder wéi "Klimawandel", "Aartestierwen" a "Biodiversitéitskris"? Soulaang mir menge, mir wiren der Natur iwwerleeën, kréie mir déi Problemer net an de Grëff. Mir mussen eis Ëmwelt nei entdecken, virun allem déijéineg, déi an der Natur de Buttek um Lafen halen - am Géigesaz zu eis Mënschen och ouni se ze zerstéieren: d'Zooper Heroes!  
Mat der performativer Visite Guidée Zooper Heroes wëllen natur&ëmwelt an de Kënschtlerkollektiv Independent Little Lies en neie, méi spillereschen Zougank zu dësen immens seriöen Themen erméiglechen. Huelt Iech eng Nues frësch Loft andeems der den Terrain vum Haus vun der Natur kenneléiert, a loosst Iech op eng ganz speziell Kombinatioun aus Theater, Danz, Performance, Musek a Videoprojektioun an. Zum Schluss vum Owend, bei enger "Pizza & Patt" kritt dir dann d'Geleeënheet an enger convivialer Ronn Froen ze stellen, déi da vun den Expert:inne beäntwert ginn.  
 
Op Lëtzebuergesch.  
Am Haus vun der Natur, Kockelscheier. Nächste Busarrêt: Kockelscheuer, Patinoire  
 
Reservation:  
Tickets: 15 Euro, 8 Euro (réduit), 1,50 Euro (Kulturpass)  
 
Mam Marc Baum an Elsa Rauchs  
Konzept an Text: Jacques Schiltz, Claire Thill  
Live Video Mapping: Melting Pol  
Musek: Chris Reitz  
Video Chrysalis Avalanche: Catherine Elsen (Konzept, Musek, Performance a Produktioun), Marianne Villière (Visuellt Konzept, Kamera a Montage)  
Fotomaterial: Carine Gansen (natur&ëmwelt), Sören Salvatore (natur&ëmwelt)  
 
Produktioun: Independent Little Lies (ILL), natur&ëmwelt  
Mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, dem Ministère de la Culture, dem Service National de la Jeunesse, der Banque Internationale à Luxembourg an der Fondation Enovos.  
 
 

«   October '22   »

Sun Mon Tue Wed Thu Fri Sat
25 26 27 28 29 30 1
2 3 4 5 6 7 8
9 10 11 12 13 14 15
16 17 18 19 20 21 22
23 24 25 26 27 28 29
30 31 1 2 3 4 5

Dates & Venue

16.10.22, 18h30 Haus vun der Natur
15.10.22, 18h30 Haus vun der Natur
09.10.22, 18h30 Haus vun der Natur
08.10.22, 18h30 Haus vun der Natur