biergerbühn 2020-2021

d'geheimnis vun der mëllechfabrick

Biergerbühn: D'Geheimnis vun der Mëllechfabrick  
 
Eng Museksklass ass um Wee fir op ee Camp. Hire Bus fält matten an der Nuecht am Bësch en Panne.  
 
A reegelméissegen Theaterateliere vun der Biergerbühn, hunn déi Jonk tëschent 9 an 12 Joer e ganzt Schouljoer un hirer eegener Kreatioun geschafft. Trotz Pandemie, hu si et fäerdeg bruecht eng spannend Geschicht op d'Been ze stellen. Theme wéi Identitéit, Toleranz oder Diversitéit spillen eng grouss Roll am Theaterstéck. Eis jonk Bierger*innen hunn et nieft seriöe Sujeten och fäerdeg bruecht e Schotz Ironie a Witz mat anzebauen.  
 
Mam Anna Falchero, Beatriz Abreu, Déphanie Lopes, Layne Klees, Liz Schlechter, Logan Muller, Lola Jadin, Louis Boutros, Louise Muller, Mila Penning, Samira Kremer  
Theaterpedagog: Gilles Seyler  
Szenographie a Kostümer: Lynn Scheidweiler, Ariane Koziolek, Pia Pospischil  
Koordinatioun: Elisa Baiocchi  
 
Eng Produktioun vun Independent Little Lies - ILL an Zesummenaarbecht mat der Kulturfabrik Esch-sur-Alzette. Mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Esch, dem Ministère de la Culture an Esch2022.  
 
© boshua - Bohumil Kostohryz  
 

«   November '21   »

Sun Mon Tue Wed Thu Fri Sat
31 1 2 3 4 5 6
7 8 9 10 11 12 13
14 15 16 17 18 19 20
21 22 23 24 25 26 27
28 29 30 1 2 3 4

Dates & Venue

21.05.21, 19h00 Kulturfabrik
20.05.21, 19h00 Kulturfabrik

Downloads