
D’Zizou an d’Zazou, zwou Dammen déi sech e Liewe laang méi oder manner harmonesch zur Säit stoungen, kucken eng leschte Kéier op hire gemeinsame Wee zréck, virun deems den noen Doud si endgülteg vuneneen erléise soll. Gefaangen an engem zouene Raum, mussen si sech mat den Decisiounen ausernee setzen, déi hiert Liewe bestëmmt hunn. Am Häerz vun enger scheinbar klassescher Frëndschaft entwéckelt sech eng surreal Rees duerch d’Landschafte vun Dreem an Erënnerungen, Wënsch an Enttäuschungen, eng Rees, déi de Mutt vun den zwee Personnagen op d’Prouf stellt. Kënnt zum Schluss nach eng befreiend Erkenntnes, oder ass et einfach op eemol eriwwer, matzen am ugefaangene Saz?
Konzept an Text: Frédérique Colling, Catherine Elsen, Claire Wagener
Regie: Claire Wagener
Schauspill: Frédérique Colling, Catherine Elsen
Eng Produktioun vun: Independent Little Lies
D'Virstellunge vun dëser Kreatioun si vum 1. bis de 7. Juli am CARRÉ zu Hollerich.
Reservatiounen:
E klengen Avant-Goût op RTL.
Dës Produktioun gëtt iwwert "Bourse Edmond Dune - Bourse d'aide à l'écriture théâtrale"
vum Fonds Culturel National ënnerstëtzt, vun der Fondation Indépendance an der Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte.
Zizou a Zazou gouf den 9. Mee um 11 Auer bei der Theater Matinee vun de Mierscher Theaterdeeg presentéiert. Zu dëser Geleeënheet huet d'Equipe éischt Abléck an hir Texter ginn a vun hirem Schreifprozess erzielt.
© Sven Becker