quarter life crisis

 KRISOUNOURS Il n'y a rien au bout de l'arc-en-ciel

Ausgoend vu biographeschem Material, beschäftegen sech 4 Kënschtler mam Thema vun der Kris vun de Jonken, notamment och mam aktuellen Sujet vun der Jugendarbechtslosegkeet. An eiser Presentation (Portes Ouvertes) weisen mir eisen Prozess an d’Resultat vun eiser Zesummenarbecht.  
 
Extrait:  
Ech sinn eng Statistik, ech sinn e Symbol, e Syndrom an e Symptom. Ech sinn eng Matricule, e Client, e User, an e Loser. An tsa va? An, wat méchs de? Studéiers de nach oder schaffs de schonn? Ech well lafen, Amok oder wäit fort. Mee et ass wéi an engem schlechten Dram, ech kommen net vun der Plaz.  
 
Heiansdo, virum schlofe goen, soen ech mir: "Ab Muer gëtt alles anescht. Ech rappe mech zesummen, ënnerhuelen eppes, sichen en Job. Ab muer ginn ech joggen an denken positiv.  
 
Nom Opstoen pushen ech mech an déi éischt 2-3 Stonnen vu mengem Daach fillen ech mech wéi de Rocky dee fir säi Comeback trainéiert. Mee da geet meng Energie séier erof.
 
 
Konzept: a Leedung Linda Bonvini  
Mam: Larisa Faber, Yannick Géraud, Marta Vidal  
 
 
 
 

«   October '19   »

Sun Mon Tue Wed Thu Fri Sat
29 30 1 2 3 4 5
6 7 8 9 10 11 12
13 14 15 16 17 18 19
20 21 22 23 24 25 26
27 28 29 30 31 1 2

Dates & Venue

07.09.13, 20h00 Kulturfabrik Esch
06.09.13, 20h00 Kulturfabrik Esch

Downloads

krisounours flyers (pdf, 2862 Kb)

Reviews