
D'Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!
D'Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016).
D'Regisseurin Linda Bonvini an d'Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d'Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d'Kläng vu verschiddene Saxophonen.
D'Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer. Op Ufro gëtt et e pedagogeschen Dossier zum Stéck esou wéi eng Vir- an/oder Nobereedung fir Schoulklasse vun engem/r Theaterpedagog/in.
Text Nora Wagener a Luc Caregari Adaptatioun Linda Bonvini a Rosalie Maes
Zeechnungen Carlo Schmitz Regie Linda Bonvini Kënschtleresch Mataarbecht Jacques Schiltz Bühn a Kostüm Lucie Majerus Musek Jessica Quintus Luucht Dominik Dusek Produktiounsleedung Jill Christophe
Mam Rosalie Maes
Eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vum Fonds Culturel National.
RTL freides invité Jacques Schiltz
ill saison 2017-18 100,7
Sun | Mon | Tue | Wed | Thu | Fri | Sat |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 |